Koppeltherapie
Hautdesdaags ginn ganz héich Erwaardungen vu béiden Partner un hier Koppel gestallt. Béid Bedeelegt sinn op der Sich no perséinlechem Entfalen an erwaarden vum Partner Unerkennung, Ënnerstëtzung an Opmierksamkeet. Den Drock gëtt erhéicht vun den Erwaardungen vun der Aarbechtswelt, enger eventueller Elternschaft, enger erfëllter Sexualitéit a vum Alldaagsmanagement.
Kommunikatiounsproblemer kënnen optrieden, Schwieregkeeten bei der Erzéiung vun de Kanner. D’Konfrontatioun mat schwieregen Liewensereegnesser (Aarbechtslosegkeet, Krankheet, Doud…) kann zu Krisen, Depressiounen oder Ängschten féieren.
Ech bieden béid Partner fir en éischt Gespréich ze kommen, fir hir Hëllefsufro ze klären an ze kucken, ob mir zesummen schaffen wäerten, fir eng psychologesch Ënnerstëtzung oder eng Koppeltherapie.
