Individuell Therapie
D’ systemesch Psychotherapie bezitt sech op den Mënsch an senger Ganzheet an an senger Bezéiung zu den verschiddenen Systemer, an deenen hie sech entwéckelt. Eng individuell psychotherapeutesch Aarbecht huet als Ziel der Eenzelpersoun ze hëllefen, sech an hirem Ëmfeld an an hiren verschiddenen Systemer (Famill, Aarbecht…) erëmzefannen, andeems den komplexen Prozess vum Optrieden vum Problem souwéi d’ Bezéiungsschwieregkeeten gekläert ginn.
Jiddwer Eenzelpersoun entwéckelt sech an hirer Famill, sou dass di individuell systemesch Therapie sech souwuel fir d’ Familljegeschicht interesséiert, wéi och fir di iwwermëttelt Wäerter an dat erléiert Verhalen.
Et erschéngt mir wichteg ze sinn, dat Erlieften an d’Gefiller an Wierder faassen ze kënne. De (D’)Client (e) soll léieren seng (hier) Geschicht ze verzielen an e selbstbestëmmt Liewen ze féieren.
Sief et e Kand, en(g) Jugendlech(en) oder eng erwuessen Persoun, all Mënsch kann sech mat psycheschen Problemer konfrontéiert gesinn, mat deenen hien eleng oder mat Hëllef vun sengem Entourage net eens gëtt.
Fir d’Behandlung vu Kanner a Jugendlecher schloen ech fir, d’Elteren an/ oder d’ganz Famill mat anzebezéien.
Fir di Erwuessen schloen ech en éischt Gespréich vir, fir d’Demande ze klären an eng Behandlungsstrategie auszeschaffen..
