Familljentherapie
D’ familljärt Gläichgewiicht kann duerch sëllechen Schwieregkeeten a Fro gestallt ginn wéi d’Behënnerung vun engem Familljemember, en Doudesfall, eng Krankheet, Verhalensopfällegkeeten, eng psychesch Erkrankung…All Famill kann perturbéiert gin während den Iwwergangsphasen wéi der Gebuert vun engem Kand, der Pubertéit oder der Pensioun vun engem Elterendeel. Ab dem éischten Berodungsgespréich wäerten di verschidden Familljememberen probéieren ze verstoen dass et sech ëm eng Stéierung handelt, déi di ganz Famill betrefft an net dësen oder den Member. D’ Aarbecht mam Familljensystem zielt dorop eraus, all Familljememberen ze erméiglechen, sech auszedrécken. Di psychotherapeutesch Aarbecht hëlleft den verschiddenen Familljememberen d’ Bezéiungen nei ze konstruéieren mam Ziel, en perséinlecht Gläichgewiicht ze erreechen an eng méi positiv Zukunft zesummen opzebauen. Di systemesch Familljentherapie versicht di Kompetenzen vun all Familljemember ze fërderen an sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen.
Di benotzten Techniken sinn de Genogramm, d’ zirkulär Froestellung, d’ Skulpturen, verschidden Spiller, Zeechnungen.
De Setting kann am Laf vun de Consultatiounen variéieren, mat Familljebespriechungen, individuellen Momenter, eventuell Bespriechungen mat den Elteren eleng oder eng Bedeelegung vun den Grousselteren.
