Systemesch Psychotherapie

D’ systemesch Familljentherapie huet sech ëmmer weiderentwéckelt an dréit bäi zur Behandlung vun sëllechen Stéierungen, wéi psychotesch Stéierungen am erweiderten Sënn, psychosomatesch Stéierungen, Iessstéierungen, Suchten, Demenzen, Kandsmësshandlung, Gewalt an der Koppel an an der Famill, http://www.europeanfamilytherapy.eu, 2019).

D’ Familljentherapie kann besonnesch effizient sinn a folgenden Situatiounen:

  • Gesondheetlech Problemer, besonnesch chronesch physesch Erkrankungen
  • Psychosomatesch Problemer
  • Psychesch Erkrankung beim Kand a beim Jugendlechen
  • Psychesch Erkrankung beim Erwuessenen
  • Psychosexuell Schwieregkeeten
  • Alkohol a Medikamentemëssbrauch
  • Bezéiungsproblemer, Scheedung an Trennung
  • Fleegefamill, Adoptioun an domat verbonnen Problemer
  • Problemer am Familljenzyklus an an der Transitiounsphas
  • Stäerkung elterlecher Kompetenzen an  Funktionéieren vum Familljesystem
  • Schoulesch Problemer
  • Problemer an der Aarbechtswelt
  • Traumatesch Erliefnesser, Verloscht an Trauer
  • Stéierungen vum Familljeliewen duerch sozial, politesch an reliéis Konflikter (EFTA, ibidem).

 

Individuell Therapie

D’ systemesch Psychotherapie bezitt sech op den Mënsch an senger Ganzheet an an senger Bezéiung zu den verschiddenen Systemer, an deenen hie sech entwéckelt. Eng individuell psychotherapeutesch Aarbecht probéiert, der Eenzelpersoun ze hëllefen, sech an hirem Ëmfeld an an hiren verschiddenen Systemer (Famill, Aarbecht…) erëmzefannen, andeems den komplexen Prozess vum Optrieden vum Problem souwéi d' Bezéiungsschwieregkeeten gekläert ginn.

Méi gewuer ginn

Koppeltherapie

Hautdesdaags ginn ganz héich Erwaardungen vu béiden Partner un hier Koppel gestallt. Béid Bedeelegt sinn op der Sich no perséinlechem Entfalen an erwaarden vum Partner Unerkennung, Ënnerstëtzung an Opmierksamkeet. Den Drock gëtt erhéicht vun den Erwaardungen vun der Aarbechtswelt, enger eventueller Elternschaft, enger erfëllter Sexualitéit a vum Alldaagsmanagement.

Méi gewuer ginn

Familljentherapie

D’ familljärt Gläichgewiicht kann duerch sëllechen Schwieregkeeten a Fro gestallt ginn wéi d’Behënnerung vun engem Familljemember, en Doudesfall, eng Krankheet, Verhalensopfällegkeeten, eng psychesch Erkrankung…Ab dem éischten Berodungsgespréich wäerten di verschidden Familljememberen probéieren ze verstoen dass et sech ëm eng Stéierung handelt, déi di ganz Famill betrefft an net dësen oder den Member.

Méi gewuer ginn