Presentatioun

Wärend ech bal 30 Joer laang am psycho-medico-sozialen Beräich geschafft hunn, hunn ech zousätzlech eng Ausbildung an systemescher Therapie ofgeschloss, éier ech mech an der Psychologie an am Kannerschutz weidergebilt hunn. Ech verfügen domadder iwwer eng laangjäreg ambulant Beruffserfarung mat Famillje.

Experienz

  • Am « Service polyvalent de Secteur »
  • Am « Service Aide familiale »
  • An engem Fleegekannerservice
  • Als Assistante d’Hygiène Sociale am Kader vun der Education Différenciée mat Familljen mat psychesch oder physesch behënnerten Kanner oder mat Kanner mat Verhalensopfällegkeeten.
  • Eng beräichernd Erfarung als Ersatzjoffer an der Grondschoul huet mir gehollef, d‘Schwierigkeiten vun de Schüler (-innen), den Léier (-innen) an den Elteren aus der Perspektiv vun der Léierin kennenzeléieren, wat sech zu menger Erfarung als Schülerin an Mamm vun dräi Schüler derzouzugefügt huet.
  • Di lescht 6 Joer hunn ech am „Service famillesPlus“ an der ambulanter Familljenbetreiung geschafft an psychesch, sozial an erzéieresch Hëllef fir den „Office National de l’Enfance“  gemaach.
  • Vun 1992 bis 2003, an erëm zanter 2018, engagéieren ech mech  fir den „Liewenshaff“ vun der Asbl „Päerdsatelier“, en Ausbildungszentrum fir verhalensopfälleg Jugendlecher.
  • Ech verfügen iwwer eng Ausbildung a systemescher Familljentherapie zënter 2004. Dës Ausbildung hunn ech als besonnesch beräichernd erlieft, well si mech geléiert huet, wéiwäit di eenzel Persoun duerch di verschidden Systemer (Famill, Schoul, Partnerschaft, Beruffswelt) an der si sech entwéckelt an konstruéiert, beaflosst gëtt.

Ausbildung

  • Unerkannten Psychotherapeutin vum Gesondheetsministère an Aschreiwung am Collège Médical.
  • Basisausbildung an Strategescher Gespréichshypnos (PTR- Psychothérapie du Trauma Réassociative) (2019, Institut Milton H. Erickson, Belgique, https://www.imheb.be/)
  • Master an Fortgeschrattenem Kannerschutz (2017, University of Kent, GB, https://www.kent.ac.uk/courses/postgraduate/326/advanced-child-protection)
  • Bachelor an der Psychologie (2015, Open University, GB,  http://www.open.ac.uk/)
  • Ausbildung an systemescher Familljentherapie (2004, Institut d’Etudes Systémiques, Paris, F, http://www.ides-asso.fr)
  • Diploméiert Sozialkrankeschwester (« assistante d’Hygiène sociale »)(1991, Institut Supérieur de Nursing, Université Catholique de Louvain, B)
  • Member vum Institut de Pensée Systémique Luxembourgeois (https://ilps.lu/).
  • Ech verflichten mech zur Weiderbildung an zur Supervisioun vu menger psychotherapeutescher Aarbecht.
  • Ech si bestuet an Mamm vun 3 Kanner.